Cerclen

Cerclë sinn Organisatiounen, déi d’Student:innen an enger Stad oder d’Student:inne vun enger bestëmmte Fachrichtung zesummebréngen an informéieren. D’Cerclë bilden haut déi aktiv Membere vun der ACEL a sinn op 10 Länner verdeelt. Dorënner ass d’Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Éisträich, Holland, Irland, Lëtzebuerg, Schwäiz a Portugal. Dës Vereenegungen empfänken a vereenen d’Lëtzebuerger Student:inne wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft ginn et nach 11 fachspezifesch Cerclen.

Cerclen

Wéi eng Cercle ginn et?